Nationalen Dag vun der Resistenz

Zum Gedenken un all Affer vu Streik a Resistenz, déi an de Kazetter, Prisongen an Emsiidlongslager hiert Liewe gelooss hunn (26.02.2017)

1997 huet d'Lëtzebuerger Resistenz fir d'alleréischte Kéier hir "Journée nationale de la Résistance" gefeiert, déi no enger Décisioun vum "Conseil national de la Résistance" elo all Joer sech widderhuele soll, an dat op deem Dag, op deem soss déi sougenannt "Hinzerter Mass" gefeiert gouf. Dëst Joer fällt dëse Commémoratiounsdag op den 21. Februar.

Op dëser "Journée nationale", déi vun de Membre vun der Resistenz aus dem Comité de la Mémoire de la Deuxième guerre mondiale organiséiert gëtt, denke si wéi ëmmer un déi 23 Cheffe vun der Resistenz, déi de 25. Februar 1944 – viru 73 Joer! – am Hinzerter Bësch erschoss goufen, grad ewéi och un d'Streikaffer, déi am September 1942 zu Hinzert ëmbruecht goufen.

Doriwwer eraus ower soll un all déi Doudeg vun der Resistenz erënnert ginn, déi an anere Kazetter, an den alliéierten Arméien oder an de Prisongen an Emsiidlongslager hiert Liewe fir d'Heemecht hierginn hunn.

Offizielle Programm:

11 Auer: Mass an der Glacis-Kapell, gehale vum Här Abbé Patrick Muller. Et séngt d'"Chorale des Exilés" ënnert der Direktioun vun der Madame Albena Petrovic, op der Uergel begleet vum Josy Thill. De Clairon d'honneur Edmond Faber bedeelegt sech um musikaleschen Encadrement.

11.50 Auer: Formatioun vum Cortège mat, un der Spëtzt, engem Détachement vun der Arméi, der Militärmusek an de Fändele vun der Resistenz. De Wee bis op de Kierfecht ass net wäit, sou datt d'Resistenzler an hir Sympathisante sech, wann nëmme méiglech, dem kuerze Cortège uschléisse sollen.

12 Auer: Cérémonie virum Hinzerter Kräiz um Niklooskierfecht, Allée des Résistants et des Déportés.

Dës Feier besteet aus engem Choral, virgedroe vun der Militärmusek, d'Virliese vun engem Choix vun Texter duerch Schüler aus dem Dikrecher Kolléisch (LCD) , der Seenong vun de Griewer duerch d'Vertrieder vun den dräi Haaptreliounen zu Lëtzebuerg, dem Néierleeë vu Blummen duerch d'Autoritéiten an d'Resistenzler, dem Ofspille vun der "Sonnerie aux morts", der Usprooch vum Albert Hansen, Präsident vum Organisatiounskomitee, an dem gemeinsame Sange vun der Heemecht.

Uschléissend ass den traditionelle Rondgang laanscht d'Griewer vun de Victimen.

Communiqué par le Comité pour la mémoire de la Deuxième Guerre mondiale

Aktualiséiert