De Comité

Dëse Comité, deen am Regierungsprogramm festgeschriwwen ass, gouf duerch d'Gesetz vum 21. Juni 2016 a vum groussherzogleche Reglement vum 5. Juli 2016 gegrënnt. Seng Missioune sinn an dësem Gesetz spezifizéiert.

Dëst Gesetz plangt, ë.a. datt de Comité d'Erënnerung vun den Evenementer vum Zweete Weltkrich veréiwegt; datt e bei d'ëffentlech Instanzen antrëtt, am Intérêt vun de Resistenzler, vun de Zwangsrekrutéierten, vun den Afferen vun der Shoah a vun den Affer vum Zweete Weltkrich am Allgemengen, mä och datt seng Memberen un d'Organisatioun vun den offizielle Commemoratioun vum Zweete Weltkrich deelhuelen.

Ausserdem formuléiert de Comité Rekommendatioune betreffend d'Organisatioun vun der Commemoratioun vum Zweete Weltkrich an d'Identifikatioun an d'Valorisatioun vun de Gedenkplazen. Iwwregens ënnerhëlt e Sensibilisatiounsaktioune fir d'Ëffentlechkeet a méi genee fir d'Jugend am Zesummenhang mat der Erënnerung un de Zweete Weltkrich.

Aktualiséiert