Commemoratiounsfeier zu Hinzert

E Samschdeg, de 15. September 2018 organiséiert d’Amicale Hinzert an Zesummenaarbecht mam Comité pour la mémoire de la Deuxième Guerre mondiale am fréiere KZ zu Hinzert eng Commemoratiounsfeier.

All lëtzebuerger patriotesch Organisatioune sinn häerzlech invitéiert sech ze bedeelegen, wa méiglech mat hire Fändelen.

De Programm fir dësen Dag:
um 14h00 Auer ass di Lëtzebuerger Feier bei der Kapell.

D’Mass gëtt gelies vum Här Abbé Patrick Muller; fir de Gesank suergt d’Chorale Sainte-Cécile vu Wäiswampech ënnert der Direktioun vum Här Edmond Kremer. Si gëtt begleet um Piano vum Marc Scheuren. Clairon d’honneur: Här Edmond Faber.

Bei schlechtem Wieder gëtt déi Feier am Dokumentatiouns-Center ofgehal.

Um 15h30 Auer ass déi international Feier am Dokumentatiouns-Center:
dëst Joer gëtt d’Usprooch gehale vun engem Member vum Generalkonsulat vun der Republik Polen vu Köln.

 

Communiqué vum Staatsminstère / Comité fir d'Erënnerung un den Zweete Weltkrich

 

 

Aktualiséiert