Comité fir d'Erënnerung un den Zweete Weltkrich // D’Lëtzebuerger Regierung

Attributiounen

Dëse Comité, deen am Regierungsprogramm festgeschriwwen ass, gouf duerch d'Gesetz vum 21. Juni 2016 a vum groussherzogleche Reglement vum 5. Juli 2016 gegrënnt. Seng Missioune sinn an dësem Gesetz spezifizéiert.

Weiderliesen

Noriichten

  • Muer Sonndeg ass nationalen Dag vun der Resistenz. Lëtzebuerg erënnert sech op dësem Dag un all Resistenzler, déi an de Kazetter, Prisongen an Ëmsiidlongslager hiert Liewe gelooss hunn, a ganz besonnesch un déi 23 Membere vun der Resistenz, déi de 25.02.1944 am Hinzerter Bësch erschoss goufen, grad ewéi och un d'Streikaffer, déi am September 1942 zu Hinzert an zu Köln ëmbruecht goufen.

  • E Samschdeg, de 15. September 2018 organiséiert d’Amicale Hinzert an Zesummenaarbecht mam Comité pour la mémoire de la Deuxième Guerre mondiale am fréiere KZ zu Hinzert eng Commemoratiounsfeier.

  • E Samschdeg, de 16. September 2017 organiséiert d’Amicale Hinzert an Zesummenaarbecht mam Comité pour la mémoire de la Deuxième Guerre mondiale am fréiere KZ zu Hinzert eng Commemoratiounsfeier.

  • 1997 huet d'Lëtzebuerger Resistenz fir d'alleréischte Kéier hir "Journée nationale de la Résistance" gefeiert, déi no enger Décisioun vum "Conseil national de la Résistance" elo all Joer sech widderhuele soll, an dat op deem Dag, op deem soss déi sougenannt "Hinzerter Mass" gefeiert gouf. Dëst Joer fällt dëse Commémoratiounsdag op den 21. Februar.