Commemoratiounsfeier zu Hinzert (16.09.2017)

E Samschdeg, de 16. September 2017 organiséiert d’Amicale Hinzert an Zesummenaarbecht mam Comité pour la mémoire de la Deuxième Guerre mondiale am fréiere KZ zu Hinzert eng Commemoratiounsfeier. All Lëtzebuerger patriotesch Organisatioune sinn häerzlech invitéiert sech ze bedeelegen, wa méiglech mat hire Fändelen.

De Programm fir dësen Dag:
um 14 Auer as déi Lëtzebuerger Feier bei der Kapell.

D’Mass gëtt gelies vum Abbé Patrick Muller; fir de Gesank suergt d’Chorale de Männerchouer Atertdaul ënnert der Direktioun vun der Madame Adriana Mitu. Si gi begleet um Piano vun der Madame Tatsiana Binck-Molakava. Clairon d’honneur: Här Edmond Faber.

Bei schlechtem Wieder gëtt déi Feier am Dokumentatiouns-Center ofgehale.

Um 15.30 Auer as déi international Feier am Dokumentatiouns-Center:
Dëst Joer gëtt d’Usprooch gehale vun der Generalkonsulin vun der Ukrain zu Frankfurt, der Madame Alla Polyova.

Communiqué par le ministère de l'État/ Comité pour la mémoire de la Deuxième Guerre mondiale

Aktualiséiert